Dan Schank

55, Rue Dr. Klein
L-9054 Ettelbruck

Luxembourg

+352 621753275

info@videoproductions.lu

Ich habe die Datenschutzrichtlinie gelesen und verstanden und stimme dieser zu. / I have read, understood and agree to the privacy policy. / J'ai lu, compris et j’accepte la politique de confidentialité.

© videoproductions.lu 2017  .  Design by NoCodeDesign

VIDEO = MODERN KOMMUNIKATIOUN

Dier géift Äre Betrib, Är Produktpalett oder Är Déngschtleeschtunge gär op eng zäitgeméiss Manéier presentéieren? Da setzt op spannend Image- oder intressant Erklärfilmer. Videoe fir Web, Social Media oder TV erlaben et Iech, der Ëffentlechkeet Äre Betrib, Är Organisatioun oder Äre Veräin op eng prägnant, kreativ a modern Aart a Weis virzestellen.

 

Unhand vu Videoe loossen sech awer och emotional Momenter a wäertvoll Erënnerungen un Är Familljefeier oder Är Hochzäit op eng flott Manéier fir d’Zukunft festhalen.

EXZELLENT PRÄIS-LEESCHTUNGS-VERHÄLTNIS

Mir kombinéieren effikass d’Aarbechtsberäicher vu Kameramann, Cutter a Redakter an halen esou eis Präisser niddreg. Mir orientéieren eis konsequent un de Qualitéitskritären, déi gëllen.

 

Eise modernen a mobillen Equipement, ob 4k-Kamera, Mirrorless-Systemkamera, Action-Kamera oder Videodrohn, passt sech flexibel un déi ënnerschiddlechst Erausfuerderungen un. En ästheteschen, qualitativ héichwäertegen a moderne Look sinn dobäi selbstverständlech.

 

Mir si gutt vernetzt a schaffen, wa gebraucht, mat verschiddene Partner zesummen, fir alleguer d’Wënsch vun eise Clientë professionell an zouverlässeg ze erfëllen.

MIR VERSTINN ÄR ZILER

Bei eis kritt Dir Berodung, Konzeptioun a Realisatioun aus enger Hand. Déi fachlech Expertis grad ewéi e räichen Erfarungsschatz aus jorelaanger journalistescher Aarbecht an de Beräicher TV an Internet hëllefen eis, Är Iddien ze verstoen an Är Erwaardunge mat Succès ze erfëllen.

 

Mir schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch a schaffen zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an doriwwer eraus. Op Wonsch kann Äre Video vertount an/oder mat Ënnertitele produzéiert ginn. Mat eisem Netzwierk vu professionelle Spriecher decke mir vill Sproochen of.

 

Sidd Dir intresséiert, da kontaktéiert eis einfach fir méi Informatiounen oder fir en onverbindlecht Berodungsgespréich.

 
 

IMAGE-,PRODUKT- A BETRIBSVIDEOEN

ERKLÄR- AN

DOKUMENTARFILMER

EVENT- AN

HOCHZÄITSVIDEOEN

 
 
 

VERTRAUEN OP D'KRAAFT VU BEWEEGTE BILLER

„videoproductions.lu“ gouf am Joer 2017 vum Videojournalist Dan Schank gegrënnt.

 

No der Première am Dikrecher Kolléisch an engem Medien- a Geschichtsstudium op der Justus-Liebig-Universitéit zu Gießen an Däitschland huet den Dan Schank als TV-Journalist fir RTL Lëtzebuerg geschafft. Duerno war hien eng Zäit laang Pressereferent vun der Lëtzebuerger Gewerkschaft LCGB, ier hien als Videojournalist d’Videoproduktioun vun där gréisster Lëtzebuerger Dageszeitung „Luxemburger Wort“ mat opgebaut huet.