Dan Schank

55, Rue Dr. Klein
L-9054 Ettelbruck

Luxembourg

+352 621753275

info@videoproductions.lu

Ich habe die Datenschutzrichtlinie gelesen und verstanden und stimme dieser zu. / I have read, understood and agree to the privacy policy. / J'ai lu, compris et j’accepte la politique de confidentialité.

© videoproductions.lu 2017  .  Design by NoCodeDesign

IMAGE-,PRODUKT- BETRIBSVIDEOEN

ÄRE PROJET AM FOKUS

An der Welt vun der Ekonomie spille Videofilmer haut eng ëmmer méi wichteg Roll. Dat gëllt fir déi grouss Entreprisë genee sou wéi fir kleng a mëttel Betriber a geet vu Betribspresentatioune bis bei d’Virstellung vu neie Produkter an Déngschtleeschtungen.

 

Videoe fir Web, Social Media an TV erlaben et och Administratiounen, Gemengen, ONGen an aneren Acteure vum gesellschaftleche Mateneen, mat Succès iwwert hir Offer an hir Prioritéiten ze informéieren a fir déi beschtméiglech Akzeptanz bei hirer Zilgrupp Reklamm ze maachen.

 

MIR VERSTINN ÄR ZILER

Betriber grad ewéi och Institutiounen oder Organisatioune vum ëffentleche Liewe mussen hir Déngschtleeschtungen an Aktivitéiten ëmmer weider virundreiwen an entwéckelen. Mir verstinn de gesellschaftleche Kontext, an deem Dir bestoe musst, a setzen eis mat den Ziler vun Ärer Kommunikatioun auserneen.

 

Et geet em de nohaltegen Erfolleg vun Ärer Mark. Staark an authentesch Imagefilmer hannerloosse positiv Erënnerungen an de Käpp vun Äre Clienten - intressant Betribsvideoe ginn Abléck hannert d’Kulissen an an Är dagdeeglech Aarbecht.

 

Sidd Dir intresséiert, da kontaktéiert eis einfach fir méi Informatiounen oder fir en onverbindlecht Berodungsgespréich.

 

VERTRAUEN OP D'KRAAFT VU BEWEEGTE BILLER