Dan Schank

55, Rue Dr. Klein
L-9054 Ettelbruck

Luxembourg

+352 621753275

info@videoproductions.lu

Ich habe die Datenschutzrichtlinie gelesen und verstanden und stimme dieser zu. / I have read, understood and agree to the privacy policy. / J'ai lu, compris et j’accepte la politique de confidentialité.

© videoproductions.lu 2017  .  Design by NoCodeDesign

ERKLÄR- AN DOKUMENTARFILMER

BILLER SOE MÉI WÉI DAUSEND WIERDER

Erklärvideoe ginn ëmmer méi beléift, well des Manéier fir Informatiounen ze presentéieren eegent sech perfekt, fir eppes kuerz, einfach an effikass duerzestellen. Ob ganz klassesch oder animéiert: et gëtt fir all Zilgrupp dat passend Format.

 

Eise Virdeel: Duerch eis Erfarung aus ville Joren Aarbecht am Journalismus si mir et gewinnt, och komplex Themen ze verstoen an esou erëm ze ginn, dat een se liicht versteet.

 

INFORMÉIEREND, SACHLECH AN OBJEKTIV

 

Mir sinn et gewinnt, en Evenement oder en Thema am Kader vun engem Dokumentarfilm sachlech opzebereeden - ob mat engem aktuellen Ophänkert oder fir en historesche Sujet.

 

Virun allem d’Verschaffe vun historeschen Themen a Videofilmer ass ee Schwéierpunkt vun eiser Aarbecht. Hei kënnt nieft der Begeeschterung fir modern Videoformater och eis Leidenschaft fir geschichtlech Evenementer an Zesummenhäng zum Droen.

 

Sidd Dir intresséiert, da kontaktéiert eis einfach fir méi Informatiounen oder fir en onverbindlecht Berodungsgespréich.

 

 

VERTRAUEN OP D'KRAAFT VU BEWEEGTE BILLER